Donnerstag, 1. September 2022

Start an nei Saison

Di nei Saison 2022/2023 leeft un: Eischt Matcher sin den 24.9. an den Training start den Mettwoch 7. September. Mir fréen eis iech all nees beim flotten Dëschtennissport ze begréissen.

Op jonk oder aal wann dir den spannende Sport an enger flotter Equipe wëllt (rëm)entdecken da kommt unverbindlech um Training lanscht kucken.

Haal Gilsdorf bei der Schoul
Trainer: Peter Vaessen  T. 621 360 093      
Méindes:     18.30 -  20.00 (Jugend)     20.00 - 22.00 Seniors
Mettwochs: 18.30 - 20.00 (Jugend)      20.00 - 22.00 Seniors 


Nëssmaart 09.10.2022

Sonnden 9. Oktober ass nees Nëssmoort !!

Mir stin nees wéi ëmmer ënnen op der Bréck mat
Gedrenks: eegen Nëssdrëpp, -liqueur, -crème a soss alles geent den Duuscht
Séisses: hausgemachten Nësskuch a Nësshunneg
Grill: Bifana Bréidchen
http://nessmoort.lu


Dienstag, 1. Februar 2022

Mise à jour

Wéi ee leider mierkt si mer wéinst dem COVID zum Deel an der Kris. 

Training, Matcher asw. laafen den Regelen entspriechend ganz OK. 

D'Homepage ass elo nees à jour gett awer demnächst moderniséiert a mir wäerten dann och eng Campagne fir jonk an aal nei Spiller machen.

Sonntag, 18. August 2019

Nei Homepage

Fir d'Internetpräsenz vum Dëschtennis Gilsdorf Veianen méi interaktiv ze gestalten ass elo ee Blog derbäi wou da méi Memberen (mat Google Account) kennen eppes drop setzen.
Hei ass elo mol Testversioun bis déi nei Saison misst et da rullen.